| CHOUERDEEL I
Chouer
Sonn, o Sonn,
Hellste Sonn, déi jee iwwer de siwe Puerte vun Theben
opgoun!
Kaum hues de déng Stralen iwwer eiser Stad liichte gelooss
Sin s'ënnert déngem brennenden Aan dervu gerannt,
déi vun Argos.
Choryphee
Si ware komm am Gefolleg vum Polynice, wéi en eist Land ugegraff
huet
Weent deenen vagen Uspréch, déi en hat op den Troun.
Chouer 1
Mee Zeus haasst déi, déi kee Mooss hunn.
Säi Blëtz huet déi getraff, déi scho
wollten feieren, datt se gesiegt.
En huet se getraff an hiren stolze Rüstungen,
Déi siwe Cheffen, déi eis siwe Paarten ugegraff
hunn
– Siwe géint siwen. –
Si si fortgelaf, dervugerannt
Zréckgelooss hunn se hir Waffen aus Bronze.
Zréck blouwen um Feld der zwéin,
Déi zwéin Onglécklech,
Kanner vum selwechte Papp vun der selwechter Mamm,
Déi zwéi Bridder, de Polynice an den Eteocle,
Déi géinteneen hir Lanze erhuewen hunn
A matenee gestuerwe sinn.
Chouer 2
An ewell huet d'Victoire zu Theben sech néiergelooss.
Looss dofir elo d'Vergiesse falen op de Krich,
De Krich, deen eriwwer ass.
D'Vollék séngt.
Et geet dës Nuecht an den Tempel an dankt de Götter mat
freedegem Danz.
Säin Danz bréngt de Buedem vun Theben zum Ziddren.
CHOUERDEEL II
Strooph 1
Voll vu Wonner ass d'Natur
Mee dat gréisst vun de Wonner ass de Mënsch.
Hie versteet et, wäit eraus op d'Mir, dat grot, sech ze
woen, wann de Wand aus dem Süden bléist
an et blëtzt.
Hie versteet et, de Buedem, deen éiwegen, opzerappen mam
Plou
an ze beakren.
Antistrooph 1
Hie fänkt Viggel an Déieren a Fësch,
de Mënsch mat séngem raffinéierte Geescht.
Mat sénger Schlauheet versteet en et,
wëll Déiren ze joen a schei Päerd och ze zäemen.
Strooph 2
De Mënsch denkt,
de Mënsch schwätzt a baut Stied.
An all dat huet en sech selwer geléiert,
sou wéin en sech Häiser gebaut huet géint
de Frascht an de Reen.
Antistrooph 2
Hie weess sech ze wiere géint alles,
géint alles, ausser den Dout.
Den Dout, déi eenzeg Kränkt,
Déi eenzeg, déi en nët heele kann.
Strooph 3
Als Meeschter vun engem Wëssen,
dat sou grouss ass wéi kee je erhofft,
Kann en sech entscheeden
fir dat Gutt oder dat Béist.
Antistrooph 3
Gutt deet en drun, op d'Gesetzer ze lauschteren
vun Himmel an Äerd,
An ze follegen de Regele ënnert de Mënschen
an dem Wëlle vun de Götter.
Mecht en et net, da schléisst en sech aus aus der Stad.
A kee soll dofir mäi Gaascht sinn, deen sou eppes mecht.
|
CHOUERDEEL III
Strooph 1
Glécklech déi, déi an hirem Liewe kee Leed haten
Glécklech déi, déi onschëlleg sinn.
Wann en Haus eemol vum Himmel getraff gëtt,
Gëtt et keen Ongléck, wat et verschount,
Vu Generatioun zu Generatioun.
Antistrooph 1
D'Fatalitéit läit zanter ëmmer op dësem Haus hei.
Am stierwenden Haus vun de Labdaciden
Heeft neit Leet sech op deem alen,
An trëfft no den Doudegen déi Lieweg,
Ouni dat eng Generatioun déi next dervu géif befrein.
E Gott verfollegt
Déi an dësem Haus hei,
Schléit se néier a léisst e keng Rou.
Hoffnung louch elo nach just
Op de leschten vum Oedipus
Séngen Nokommen an dësem Haus hei,
An elo ass doch déi Hoffnung zerschlon.
Strooph 2
O Zeus, wie kéint Déng Muecht je stellen a Fro?
Déng Muecht wiist iwwer alles eraus, wat mir verstinn.
Dës Muecht ka vu kengem Schlof besiigt ginn, well Du
schléifs ni.
Éiweg jonk trounst D'am Olymp séngem Glanz, dee
verblennt.
An duurch all Zukunft, déi no an déi fäeren,
Wéi an der Vergaangenheet besteet dat Gesetz:
D'Rass vun de Mënsche entkënnt kengem Ongléck,
All Freed as bestëmmt, zu Schmäerz an zu Trauer ze
ginn.
Antistrooph 2
D'Hoffnung, déi onbestänneg,
Schläicht sech an d'Häerzer
An gëtt esou munchem en Trouscht.
Mee fir déi meecht ass se voll Luch a Bedruch..
Si wiermen sech drun.
Man s'awer och nëmmen ee Schrëtt,
Verbrennen se sech an hirer heller Glousst.
A wéi wouer wat een – wie weess scho méi ween – gesot:
Wiem dat Gutt wéi dat Béist an dat Béist
wéi dat Gutt ass
Deen, dee gëtt vun engem Gott a säin Ongléck geleet
An et bleift em keng Zäit, wou en nach fräi wier vu Leed.
CHOUERDEEL IV
Strooph
Léift, déi's d'all Mënsch ergräifs, déen
ee wéi deen aanren,
Léift, déi's de räich méchs déi aarm,
an aarem déi räich,
Léift, déi's de d'Mirer duurchkräizt
an doheem dech och fills an der äermster Heip
Keen entgeet der, nët déi Onstierflech
An nët déi, déi nëmme ee Liewen hunn, e ganzt
kuurzt.
Wiens de trëffs, bréngs de duercherneen.
Antistrooph
Du féiers déi Gutt op dee Wee vun dem Béisen
Du féiers s'an de Ruin.
Hei am Haus hues D'e Jong géint säi Papp gekéiert.
Jo, um Fouss vum Troun vun de Gesetzer
Sëtzt d'Aphrodite a regéiert dës Welt
Mat hirem grausame Laachen.
CHOUERDEEL V
Strooph
Gott mat den dausend Nimm, Dionysos,
Gott hei vun Theben, wou d'Bacchantinnen doheem,
Du, Du bréngs d'Stäeren zum Danzen
D'Stäeren zum Danzen, an d'Nuechten zum Sangen.
Antistrooph
Dionysos, komm, komm eis zu Hëllef!
Komm séier, komm séier erof vum Parnass!
Gott mat den dausend Nimm, komm hëllef!
Komm séier, komm séier! Mir danze fir Dech!
©
Guy Wagner, 1998
|