S:
bis um
Enn
der Dag koum
endlech koum
Enn vun engem laangen Dag
wou se sot
sech sot
wiem soss
Zäit datt s’ophält
Zäit datt s’ophält
hin an hier z’iren
ganz An
no alle Säiten
uewen an ënnen
fir en aanren
en aanre wéi si
en anert Wiese wéi si
e bësse wéi si
dat hin an hier iert
ganz An
no alle Säiten
uewen an ënnen
fir en aanren
bis um Enn
Enn vun engem laangen Dag
wou se sech sot
wiem soss
Zäit datt s’ophält
Zäit datt s’ophält
hin an hier z’iren
ganz An
no alle Säiten
uewen an ënnen
fir en aanren
eng aner lieweg Séil
eng eenzeg aner lieweg Séil
déi hin an hier iert wéi si
ganz A wéi si
no alle Säiten
uewen an ënnen
fir en aanren
en aanre wéi si
e bësse wéi si
deen hin an hier iert wéi si
bis um Enn
um Enn vun engem laangen Dag
wou se sech sot
wiem soss
Zäit datt s’ophält
hin an hier z’iren
Zäit datt s’ophält
Zäit datt s’ophält
Zur selwechter
Zäit: Echo vun “Zäit datt s’ophält”, d’Schaukelen
hält op, d’Luucht léisst liicht no.
Laang Paus.