|
Dëse Ruff
vum Här Smith bewierkt, datt se all een Ament stëll
ginn an d’Fassung verluer hunn. Et spiert een eng gewesse
Nervositéit. D'Schléi vun der Standauer sinn
och méi nervéis ginn. Déi next Sätz
solle fir d'eischt op engem kalen äisegen Toun geschwat
ginn. Dat Agressivt an d'Nervositéit sinn ëmmer
grouss. Zum Schluss vun der Szeen sinn déi véier
opgesprongen, sti ganz no beieneen. brëllen sech hir
Sätz an d'Gesiicht, hiewen d'Fauscht a schénge
prett, fir een un deen aneren ze gon.
Mr MARTIN:
Et kritt een e Brëll net blénkeg mat schwaarzer
Wichs.
Mrs SMITH:
Jo, mee mat Geld kann een sech kafe, wat ee wëllt.
Mr MARTIN:
Léiwer en Hiësche knacken, wéi am Gaart
kacken.
Mr SMITH:
Kakadu, kakado; Kakadu, kakado; Kakadu, kakado; Kakadu, kakado;
Kakadu, kakado.
Mrs SMITH:
Wat e Kaka, wat e Kack, wat e Kaka, wat e Kack, wat e Kaka,
wat e Kack, wat e Kaka, wat e Kack, wat e Kaka.
Mr MARTIN:
Eng Kaskad vu Kaka, eng Kaskad vu Kack, eng Kaskad vu Kaka,
eng Kaskad vu Kack, eng Kaskad vu Kaka, eng Kaskad fu Kack,
eng Kaskad vu Kaka, eng Kaskad vu Kack.
Mr SMITH:
An d'Hënn, déi hu Fléi, an d'Hënn
déi hu Fléi.
Mrs MARTIN:
Kaktus, Kabes, Krockus, Krokodil.
Mrs SMITH:
Du Kackert dees eis kacken.
Mr MARTIN:
Léiwer Waasser zéien, wéi e Källefche
kréien.
Mrs MARTIN: (räisst de Mond grouss op)
A! O! A! O! Ätsch! Mat den Zänn grätsch, grätsch!
Mr SMITH:
Alligator! Kaiman!
Mr MARTIN:
Ha dem Odysseus eng an d'Schnëss!
Mr SMITH:
Ech gin a meng Brak an de Kakaosbam.
Mrs MARTIN:
D'Kakaosbeem am Kakaosbongert gi keng Kakuette mee Kakao!
D'Kakaosbeem am Kakaosbongert gi keng Kakuette mee Kakao!
D'Kakaosbeem am Kakaosbongert gi keng Kakuette mee Kakao!
Mrs SMITH:
D'Meis hu Leis, mee d'Leis hu keng Meis!
Mrs MARTIN:
Zéi net u ménge Schnéier!
Mr MARTIN:
Verléier keng Schéier!
Mrs MARTIN:
Séier e Béier!
Mr SMITH:
E Béier, du Schléier!
Mr MARTIN:
Stéier, kee Schléier, stéier kee Béier!
Mr SMITH:
Séier, krepéier!
Mrs MARTIN:
Déckt Déier!
Mrs SMITH:
Paltongszéier!
Mr MARTIN:
Mat Pleséier!
Mr SMITH:
Guer keng Éier!
Mrs MARTIN:
Kujenéier keng Pionéier!
Mrs SMITH:
Et wor eemol e Kanonéier!
Mr MARTIN:
Dicks!
Mr SMITH:
De la Fontaine!
Mrs MARTIN, Mr SMITH:
Edmond de la!
Mrs SMITH, Mr MARTIN:
Net Jean de la!
Mrs MARTIN, Mr SMITH:
Fontaine!
Mrs SMITH, Mr MARTIN:
Genannt den Dicks!
Mrs MARTIN:
Dicks den Dicks, dicks en dacks!
Mr MARTIN:
Mariette, Aarsch am Bett!
Mrs SMITH:
Hare Krishna! Krishnahare! Krishnamurti! Krishnahare!
Mr SMITH:
Papa Popst! Päckelcherspak! Hourepak! Pak de Popst!
Mrs MARTIN:
Mozart, Hasard, Bazar!
Mr MARTIN:
Bussard, bizarr, beaux-arts! :
Mr SMITH:
A, e, i, o, u, a, e, i, o, u, a, e, i, o, u, i!
Mrs MARTIN:
B, c, d, f, g, l, m, n, p, r, s, t, v, w, x, z!
Mr MARTIN:
Knubberdulli, Dullemajik!
Mr SMITH:
Bulli, Brulli, Bulli Bräi, Bulli Bratsch...
Mrs SMITH: (mécht den Zuch no)
Tsch, tsch, tsch, tsch, tsch, tsch, tsch, tsch, tsch, tsch...
Mr SMITH:
'T geet!
Mrs MARTIN:
Net!
Mr MARTIN:
Do!
Mrs SMITH:
Hinn!
Mr SCHMIT:
Et!
Mrs MARTIN:
Geet!
Mr MARTIN:
Hei!
Mrs SMITH:
Hinn!
All zesummen, um Combel vun der Roserei, brëllen
een deem aneren an d'Ouren. Et get däischter, an am Deischtert
héiert een, op ëmmer méi engem séiere
Rhythmus
ALL
ZESUMMEN:
'T geet net dohinn, et geet heihin, 't geet net dohinn, et
geet heihinn, 't geet net dohinn, et geet heihinn, 't geet
net dohinn, et geet heihinn, 't geet net dohinn, et geet heihinn,
't geet net dohinn, et geet heihinn...
Ganz stënterlech
héiert et op. D'Luucht geet erem un. Den Mr an d’Mrs
MARTIN sëtzen elo do, op der nemmlechter Plaz, wou d'SMITHEN
am Ufank vum Stéck souzen, D'Stéck fänkt
erëm un mat de MARTINS, déi déiselwecht
Replike ginn wéi d'SMITHEN an der I. Szeen,an dat an
deër Zäit, wou de Rido lues erofgeet.
|