| Site Internet de Guy Wagner | ||||||
|
Dee
jonke Mënsch, war de René Oppenheimer, eent vun de 6 Millioune jiddeschen
Affer vun de Vertrieder vun enger ganz einfach perverser Ideologie,
déi, fir d'éischt an der Geschicht, op eng souzesoën industriell Manéier
hir vermeintlech Feinden vernicht hunn. Wéi
schreift den Elie Wiesel an "Twilight":
"The killings, the massacres, they were familiar to me; our
history is filled with them. But this crime was different. This was
an entirely new crime: an absolte crime. Absolute, since the killers
made the corpses disappear. For the first time in our history, the
victims could not even be buried." Fir datt esou eppes an eisem "Jahrhundert
der Barbarei", wéi de Karl-Heinz Deschner ët formuléiert
huet, nët méi sollt virkommen, huet den Här Alfred Oppenheimer eng
Fondatioun gegrënnt, déi de Numm vun séngem eenzege Jong dréit. Si
as e Signal géint déi donkel Säiten am Mënsch a géint d'Resignatioun,
an zugläich e Symbol vun der permanenter
Hoffnung, sou wéi d'Jugend eent ass, wéi e René Oppenheimer eent war. Ech hun d'Éier, deen
éischte Lauréat vum René Oppenheimer-Präis ze sinn. Et as déi
fir mech schéinsten Auszeechnong, déi ët mer bis elo gegënnt war ze
kréien. Si seet mer, datt den Engagement, dee
mer bewosst a konsequent am Escher Theater agaange sinn, dobausse
séng Unerkennong fënnt. An dofir géif ech mech och gären als e Vertrieder
vun deene gesinn, déi dësen Engagement mat mer deelen: An éischter
Stell, d'Ariel, méng Fra, ouni déi ech ët nët géif packen an déi doduerch,
datt hire Papp och Judd ass, mir nach e ganz anert Versteesdemech
ginn huet fir eng Glawens- a Gedankewelt, déi an hirem Räichdëm eenzegaarteg
ass. Den Escher Schäfferot, deen Vertrauen huet an eis Aarbecht an
déi néideg Mëttelen zur Verfügung stellt, an ech se frou an dankbar,
datt den Här Schaack, den Escher Buurgermeeschter, den Owend heihikomm
ass. Dann d'Escher Kulturkommissioun, déi ëmmer unanime grad Propositioune
ënnerstëtzt, déi engersäits d'Undenken un d'Affer vun der Nazizäit
éiere an anrersäits fir eng méi human Zukunft pledéieren. A schliesslech
eist Theaterpersonal, haut den owend hei vertrueden duerch d'Madame
Schaul, chef de service an eiser Administratioun, ouni dat all gudd
Iddiën, déi ee kéint hunn, nëmmen Iddië géife bleiwe: Déi vill Aarbecht
muss gemeet ginn. Ech si geéiert, datt den Här Santer
mer en Telegramm gescheckt huet an datt den Här Steichen, Ministre
délégué aux affaires culturelles, bei dëser Feier derbäi ass. De Kulturministère
ass eis eng Stäip, ouni déi ët net géing. Et däerf mer erlaben, eng Parallel
opzestellen tëscht der neier Fondatioun an dem 30järegen Escher Theater.
Eis Kulturhaus ass och e Symbol an en Ausdrock vun enger permanenter
Hoffnung a vum Vertrauen an d'Zukunft. An enger Stad, wou Mënsche
vun iwwer véierzeg Nationalitéiten zesummeliewen, gëtt et d'Méiglechkeet
vum Zesummesinn a vum gemeinsamen Erliewe vun deem, wat de Mënsch
iwwer séng materiell Konditioun eraushieft: Vun deem, wat zanter Joërhonnerten
eis mënschlech Existenz op eng gëlteg Aart a Weis gedeit huet, a vun
deem, wat Froe stellt iwwer dat, wat haut ass a wat muer kéint sinn. Fir datt déi Zukunft dem Mensch-Sinn
wierdeg ass, ass jiddferee vun eis zu engem onbedéngten Engagement
verpflicht. Dora gesinn ech als Eenzelpersoun an all Verantwortlechen
op enger verantwortungsvoller Plaz, och méng besonnesch Responsabilitéit:
mat bäizedroen zu enger besserer Welt fir déi Generatiounen, déi no
eis kommen, - enger Äerd, wou een nach drop ka liewen, enger Welt
ouni Viruurteeler, ouni Haass, ouni Friemefeindlechkeet an ouni Rassewahn,
enger Welt, déi opp ass fir nei Iddien, fir en neit Versteesdemech,
eng Welt vun Toleranz, wou een erëm op deen anere lauschtert an deem
séng Meenong nët nëmme just respektéiert, mee bereet ass, sech fir
si ansetzen. Dat heescht, sech virun allem och géint
all Bestriewongen ze wieren, déi dat Fuurchtbart vu viru 50 Joer wëlle
vergiessen, wëlle beschéinegen, wëllen leegnen oder wëllen erëm erbäibréngen.
Dogéint muss ëmmer erëm d'Erënnerong
gesat ginn a permanent mat Alternative gekämpft ginn, well "Der
Schoß ist fruchtbar noch, aus dem das kroch", wéi
de Brecht geschriwwen huet, a mir kënnen all Dag erliewen, wéi dat
erëm do erauskraucht, nët nëmme bei eisen Noperen oder an deene Länner,
déi an Osteuropa eng nei Fräiheet kritt hunn, - a grad bei deenen!
- mee och bei äis. Dofir musse mer och bereet sinn, eis
all Dag z'engagéieren, an dat verlaangt Courage. Dëse Präis gëtt mir Courage an eng
nei Bereetschaft, an ech soen dem Jury an Iech alleguer villmols merci.
Är Sympathie mecht mer Är Ennerstëtzong fir dee grondsätzleche Glawen
däitlech, deen ech deele mat engem aneren Affer vun der Nazi-Barbarei,
dat ee Joer méi al war wéi de René Oppenheimer: d'Anne
Frank. Just ier hatt verhaft gouf, huet et geschriwwen: "Ich
glaube an das Gute im Menschen." Iech, léiwen Här Oppenheimer, soen
ech mäin déiwe Respekt. Guy Wagner 4.9.1991 |
| ©2003 Guy Wagner | Personnel • Theodorakis Professionnel • Les Cyranos • Publications • Liens |