PREMIERE PAGE | MES LIVRES I | MES LIVRES II | THEODORAKIS (D) | THEODORAKIS (F) | MOZART (F) | MOZART (D)
Ohio Impromptu
Samuel Beckett - Op Lëtzebuergesch vum Guy Wagner

L liest:

Wéineg bleift nach ze son. Bei engem leschte – 

N tockt mat der lénker Hand op den Dësch.

Wéineg bleift nach ze son.

Paus. Tocken.

Bei engem leschte Versuch, fir manner ze leiden, as e fortgezunn vun do, wou se esou laang zesumme gewiest waren, an en Eenzelzëmmer um aneren Ufer. Vun senger eenzeger Fënster aus konnt en de Floss erof dat leschtent Enn vun der Schwaneninsel gesinn.

Paus.

En hat op dat Ongewinnt gehofft, fir manner ze leiden. D'ongewinntent Zëmmer. Déi ongewinnten Szeen. Fort, dohi, wou ni je eppes gedeelt gouf. Zréck dohin, wou ni je eppes gedeelt gouf. Dorop hat en deemol esou halwer gehofft, fir eppes manner ze leiden.

Paus.

Dag fir Dag konnt ee gesinn, wéi e mat schwéire Schrëtt iwwer déi kleng Insel goung. Stonn fir Stonn. Eegal bei wat fir engem Wieder, an sengem laange, schwaarze Mantel an deem breede Kënschtlerhutt vu fréier. Un der Spëtzt vun der Insel blouf en ëmmer ston, fir dem Waasser nozekucken, wat virugezunn ass. Wéi a lëschtege Struddelen seng béid Äerem auserneegefloss sinn an erëm zesummekoumen. Dann sech ëmgedréit a mat gläiche schwéire Schrëtt zréck.

Paus.

A sengen Dreem –

Tocken.

Dann sech ëmgedréit a mat gläiche schwéire Schrëtt zréck.

Paus. Tocken.


© Samuel Beckett (Original) - Guy Wagner (Iwwersetzung), 1999


Zréck zur Beckett-Säit...

PREMIERE PAGE | MES LIVRES I | MES LIVRES II | THEODORAKIS (D) | THEODORAKIS (F) | MOZART (F) | MOZART (D)