Ech
sot nach eng Kéier, ech
géif et hoffnungslos fannen a verfeelt, weiderzemaachen, an si
huet jo gewénkt,
ouni d'An opzemaachen. Paus. Ech hunn
se gefrot, datt se mech sollt ukucken, an no enger Zäit – Paus – no enger Zäit huet s'et gemeet, mee hir An
ware nëmme
Splécken weent der greller Sonn. Ech hu mech iwwer se
gebéckt, fir datt se am
Schied wieren, an si goungen op. Paus.
Lues: Hu mech eragelooss. Paus.
Mir hunn eis an de Lëtschen dreiwe gelooss a blouwe stiechen.
Wéi hun se
gejéimert, wann se sech ënnert dem Bug gebéit hunn.
Ech hu mech op si geluecht,
mäi Gesiicht an hire Brëscht a meng Hand op hir. Mir louchen
do ganz stëll,
ouni eis ze bewegen. Mee ënnert eis huet sech alles beweegt an
huet eis beweegt
ganz roueg a stëll an op an of a vun enger Säit op déi
aner.
Paus.
Dem
Krapp seng Lëpse bewegen sech, ouni en Toun vun sech ze ginn.
No
Hallefnuecht. Hunn ni je
sou eng Stellt erlieft. D'Äerd kéint onbewunnt sinn.
Paus.