Monolog
vum Lucky
(monotonen
Débit)
Virausgesat d’Existenz sou wéi se ervirgeet aus de rezenten
öffentlechten Aarbechten vu Poinçon a Wattman vun
engem perséinleche Gott quaquaquaqua mat wäissem Baart
quaqua baussen der Zäit dem Raum dee vun héich uewe
vun senger göttlecher Apathie sénger göttlecher
Athambie sénger göttlecher Aphasie erof eis gäer
huet nu je bis op e puer Ausnamen et weess een net firwat mee
dat kënnt nach a leit esou wéi déi göttlech
Miranda mat deenen déi et weess een net firwat mee et huet
jo Zäit an der Péng sinn an dem Feier deem säi
Feier séng Flamen wann et och nach e bëssen wäert
daueren nach e bësse méi a wie kann drunn zweiwlen
zu gudder Lescht alles an d’Luucht feieren nämlech wäerten
d’Hell an den Himmel joen deen esou blo mat Momenter haut nach
a roueg sou roueg vun enger Rou déi wann och sporadesch
awer dofir net manner wëllkomm ass mee gräife mer net
vir a vu datt anerersäits no den net fäerdege Recherchen
gräife mer net vir den Recherchen net fäerdeg awer trotzdem
gekréint duerch d’Acacacacadémie vun der Anthropopopometrie
vu Berne-en-Bresse vun Testu a Conard et etabléert ass
ouni aner Possibilitéit vun engem Iertum wéi deer
déi zesummenhänkt mat mënschleche Berechnungen
datt laut de Recherchen den net fäerdegen net fäerdegen
vun Testu a Conard et etabléiert ass tabléiert tabléiert
dat wat elo kënnt wat kënnt wat kënnt nämlech
mee gräife mer net vir et weess een net firwat no den Aarbechten
vu Poinçon a Wattmann ervirgeet esou kloer esou kloer datt
en Vue vun den Beméiongen vu Fartov a vun Testu a Conard
den net fäerdegen net fäerdegen ervirgeet datt de Mënsch
am Contraire zur contrairer Meenung datt de Mënsch zu Bresse
vun Testu a Conard datt de Mënsch zu gudder Lescht bref datt
de Mënsch bref zu gudder Lescht trotz alle Fortschrëtter
an der Alimenatioun an der Eliminatioun vum Stullgank am Gaang
ass ofzehuelen an zur selwechter Zäit parallel derzou et
weess een net firwat trotz dem Opschwonk vum Turnen an der Praxis
vun Sportaarte wéi wéi wéi Tennis Futtball
Course souwuel zu Fouss wéi um Velo Schwammen Reiden Fléien
Conatioun Tennis Kamoschi Konschtlaf souwuel um Äis wéi
um Asphalt Tennis Fléien Sport Sport am Wanter am Summer
am Hierscht am Hierscht Tennis um Wues um Holz an um feste Buedem
Fléien Tennis Hockey zu Äerd um Mier an an der Loft
Penizillin an Ersatzer bref ech widerhuelen zur selwechter Zäit
parallel derzou ze schromepelen et weess een net firwat trotz dem
Tennis ech widerhuelen dem Fléien dem Golf souwuel mat
néng wéi mat uechtzéng Lächer dem Tennis
um Äis bref et weess een net firwat un der Musel der Muselour
der Muselsauer nämlech zur selwechter Zäit parallel
derzou et weess een net firwat ofzehuelen ze schromepelen ech
widerhuelen Our Sauer bref e glate Verloscht pro Päifekapp
zanter dem Dout vum Jang de Blannen an der Gréissenuerdnung
vun zwéi Fanger honnert Grammm dorëmmer pro Päifekapp
an der Moyenne ongeféier zimmlech a ronnen Zuelen mat de
Jicken ouni Gezei am Eisleck et weess een net firwat bref zu gudder
Lescht net sou wichteg d’Faiten sinn do a vu anrersäits dat
wat nach méi grave ass datt erviergeet dat wat nach méi
grave ass datt am Liicht am Liicht vun den Experimenter vun Steinweg
a Petermann déi am Gaang sinn erviergeet dat wat nach méi
grave ass datt erviergeet dat wat nach méi grave ass am
Liicht am Liicht vun den ofgebrachenen Experimenter vu Steinweg
a Petermann datt um Land an de Bierger an um Bord vum Mier a vun
de Leef vun de Flëss a vum Feier d’Loft déiselwecht
ass an de Buedem nämlech d’Loft an de Buedem bei de grousse
Keelten d’Loft an de Buedem gemaach fir d’Steng bei de grousse
Keelten leider am siwente Saeculum vun hirer Ära d’Ethären
d’Äerd an d’Mir fir d’Steng aus de groussen Déiften
de grousse Keelten zu Waasser zu Land an an der Loft leider ech
widerhuelen et weess een net firwat trotz dem Tennis d’Faiten
sinn do et weess een net firwat ech widerhuelen zum folgenden
bref zu gudder Lescht leider zum folgenden fir d’Steng wie kann
drunn zweiwlen ech widerhuelen mee gräife mer net vir ech
widerhuelen de Kapp zur selwechter Zäit parallel derzou et
weess een net firwat trotz dem Tennis zum folgenden de Baart d’Flamen
d’Tréinen d’Steng sou blo sou roueg leider de Kapp de Kapp
de Kapp de Kapp am Eisleck trotz dem Tennis de Beméiongen
den ofgebrachenen net fäerdegen méi grave d’Steng
bref ech widerhuelen leider leider ofgebrach net fäerdeg
de Kapp de Kapp am Eisleck trotz dem Tennis de Kapp leider d’Steng
Conard Conard (Geraangels. De Lucky stéisst jäitzt
nach puer Wierder méi aus sech eraus.) Tennis D’Steng
sou roueg Conard Net fäerdeg
© Samuel Beckett (Original) - Guy Wagner (Iwwersetzung),
2001
Zréck zur
Beckett-Säit...