Aus: "Hänk
dech dach nëmmen op!"
Guy Wagner
BRIGITTE:
Ass der schon opgefall, weivill futtis Igelen op de Stroosse
leien? Wann s de iwwerall, wou s de ee gesäiss, e Kräiz
un de Bord vun der Strooss géifs stellen, géifs de nemme
mei Kräizer gesinn... En Hammer-Kierfecht fir d'Igelen... An
et fiert net nëmmen een driwwer, zéng... honnert sinn
et der, 't ass jo eegal... Da leien se do, d'Träipe komme raus,
d'Blutt pecht um Buedem, an se ginn ëmmer méi platt, méi
zerquetscht, bis nach just eng Fatz Pelz do klieft... „Wasted
life"... ewechgeworfent Liewen, plattgedreckt vun de Pneuë vun
eisen Autoen... Honnerte vu klengen Igelcher... Déi sinn dach
och mat Loscht gemeet ginn, a mat Péng gebuer ginn, a geniert
ginn, an opgezu ginn... Herrgott, awer dach net, fir vun engem Auto
plattgedréckt ze ginn... Si hunn dach och nëmmen hiert
klengt Liewen, déi kleng Igelen... Wat déngen se dann
nach hir Picken? Wat kënnen dei dann nach maachen?... Wuer wollt
esou en Déierche grad hi, wei rëm en Auto koum?... War
et net grad am Gaang, heem no senge Klenge kukken ze goen... oder
no engem Partner ze sichen?... All dat ewechgeworfent Liewen. Wie
gëtt eis dat Recht, fir domat ze maache, wat mer wëllen?...
All dat Liewen ass dach net entstane, fir datt mir et vréckt
maache, plattdrécken, zerquetschen, ewechwerfen...
No enger Paus, wou d'Brigitte sénge Gedanken nozegoë schéngt
BRIGITTE: Ech liewe net, fir Igel ze ginn.
© Guy Wagner, 1987
|