PREMIERE PAGE | MES LIVRES I | MES LIVRES II | THEODORAKIS (D) | THEODORAKIS (F) | MOZART (F) | MOZART (D)
D'Enn, mäi Frënd
Guy Wagner


Wann d’Spill ufänkt, ass d’Bühn däischter.

Et héiert een e liicht Jéimeren, éischter nach e Wënselen, wéi vun engem Hond.
D’Wënsele gëtt méi staark an an engems gëtt d’Bühn vun der Mëtt aus lues a lues méi hell.
Et erkennt een ëmmer méi däitlech e Rollstull, deen ëmgekippt ass. Eent vun de Rieder dréit nach.
A läit ënner dem Rollstull a probéiert, sech mat den Ielebéi drënner erauszezéien. E beméit sech a jéimert eng Zäitlaang weider.
Et héiert een d’Stëmm vu
B, nervös, irritéiert vu baussen.
B: – Wat hues de?
Paus.

– So dach eppes!
Paus.

– So dach eppes!
B jäitzt:
– So dach eppes!
A jéimert.
D’Dir geet op an et gesäit ee
B.
B erféiert:
– Mäi Gott!
B schluppt op A zou.
B.: – Wéi hues de dat do dann erëm fäerdeg bruecht?
A wéimert a versicht, de rietsen Aarm an d’Luucht ze hiewen. Léisst en erëm falen. ‘t geet net.
B béckt sech erof bei de Rollstull, péckt d’Äerm vun A. Hie probéiert mat vill Méi, A eropzezéien.
A hänkt an den Äerm vu B.
B probéiert, no vir gebéckt, mat A an sengen Äerm, de Rollstull opzehiewen. ‘t geet net.
Am Contraire:
A rutscht B aus den Äerm eraus an trëllt op de Buedem.
B riicht duerno fir d’éischt de Rollstull op a blockéiert d’Rieder.
B dréit sech zu A, péckt en a schleeft e bei de Rollstull.
En huet erëm vill Méi,
A an de Rollstull ze setzen, mä zu gudder Lescht gléckt et him.
Déi béid gesinn aus wéi zwéi Catcher just virum K.O.. Si schnauwen a käichen.

B:
– Wéi hues de dat do dann erëm fäerdeg bruecht?
A jéimert a käicht.

B:
– Schliesslech sëtz de scho laang genuch do drann, fir ze wësse, wéi ee mat esou eppes ëmgeet.
A jéimert a seet näischt.

B:
– A wann ech dann elo net do gewiescht wier?
Paus.
B schluppt rondrëm de Rollstull.
– A wann s de mech dann elo net gehat häss?
Paus.
B schluppt rondrëm de Rollstull.
– A wann s de mech net méi häss?
Paus.
B schluppt rondrëm de Rollstull.
– A wat ass den Dank? Null.
Paus.
B schluppt rondrëm de Rollstull.
– Näischt, du sees näischt, net emol Merci sees de, neen, näischt sees de, guer näischt. Dat ass jo och méi kamout. Du misst soss op eemol nach eng Erklärung gi fir eppes, woufir et keng Erklärung gëtt. Eng Erklärung, firwat s de ëmmer nach net kapabel bass, sou an engem Rollstull ze fueren, datt en net kippt.
Paus. B schluppt rondrëm de Rollstull.
– So mol, a wann ech dann elo tatsächlech net méi do gewiescht wier?
Paus. B schluppt rondrëm de Rollstull.
– So mol, a wann s de mech tatsächlech net hei gehat häss?
Paus. B schluppt rondrëm de Rollstull.
Stëllt.
B gëtt sech selwer d’Äntwert.
– Du wiers futti gaangen.
Paus. B schluppt rondrëm de Rollstull.
– Ze Gronn gaange wiers de.
Paus. B schluppt rondrëm de Rollstull.
– Ze Gronn gaange wiers de, krepéiert, krepéiert wéi en Hond. Wéi en Hond.
Paus. B schluppt rondrëm de Rollstull.
– Du wënsels jo scho wéi en Hond. Du wënsels wéi en Hond, deen de Krätz huet. De Krätz. Paus. Du hues de Krätz.
A wënselt.
B iergerlech:
– Gesäis de? Paus. Héiers de: en Hond. Ech hunn et jo gesot: En Hond voll Krätz, deen am Gaang ass ze krepéieren.
Paus. B schluppt rondrëm de Rollstull.
B zynesch:
– Wéi laang kann ee mat dem Krätz liewen? Wéini geet een drun ze Gronn? Wat seet deng Erfahrung als Hond dozou? Gëff mer e klengen Tuyau.
A hëlt déif Loft an hault wéi en Hond, fir d’éischt lues, dann ëmmer méi haart, duerno jéimert en ëmmer méi aarmeséileg, bis säin Haulen an sech zesummebrécht.
B fir d’éischt ganz paff, duerno begeeschtert:
– Endlech! Elo weess ech Bescheed. Endlech!
A seet näischt, ass ganz a sech zesummegefall.
Paus.

B:
– Du bass en Hond.
A seet näischt.
B fiert weider:
– An dobäi haassen ech Hënn. Kaze verdroen ech, awer Hënn, neen.
A seet näischt.
B fiert weider:

– Kaze si fräi. Fräi, héiers de? Fräi.
A seet näischt.
B fiert weider:
– Hënn si feig. Hënn krauchen. Si lecken dem Meeschter d’Patt a sabbelen derbäi. Du sabbels och. Du bass e feigen Hond, deen aneren d’Patt leckt, fir datt se fei mat em sinn.
A seet näischt.
B fiert weider:
– Dorop hues de spekuléiert. Zanter datt dat geschitt ass, hues de op d’Matleed spekuléiert a besonnesch op mäint, an esou liefs de weider, liefs de nach. Nach liefs de. Nach. Awer net méi laang, well ech hu kee Matleed méi mat der.
A seet näischt.
B fiert weider:

– Ech hu scho laang kee Matleed méi mat der. Déi Zäite, wou ech nach Matleed mat der hat, si laang dout. Dout a begruewen. Fréier, do hat ech Matleed mat der, well ech mer ëmmer gesot hunn: Wann e wéisst ...
A seet näischt.
B fiert weider:
– Keng Ahnung hues de. Du weess näischt, näischt weess de, guer näischt. Glat a guer näischt. Neen, du hues keng Ahnung.
A seet näischt, schéngt am Rollstull an sech zesummen ze sacken.
B gesäit et a seng Aen fänken un ze glënneren. En triumphéiert.
– Neen, du hues keng Ahnung.
A seet näischt, mä fällt nach méi an sech zesummen.


© Guy Wagner, 2006


Zréck zur Ufankssäit...
  • PREMIERE PAGE | MES LIVRES I | MES LIVRES II | THEODORAKIS (D) | THEODORAKIS (F) | MOZART (F) | MOZART (D)