PREMIERE PAGE | MES LIVRES I | MES LIVRES II | THEODORAKIS (D) | THEODORAKIS (F) | MOZART (F) | MOZART (D)
Endspill
Samuel Beckett - Op Lëtzebuergesch vum Guy Wagner

HAMM      Waart! (De Clov bleift ston). Wéi ass et mat dengen An?

CLOV      Schlecht. 

HAMM     
Mee du gesäis. 

CLOV      
Genuch.

HAMM     
Wéi ass et mat denge Been? 

CLOV     
Schlecht.

HAMM     
Mee du kanns dech réieren? 

CLOV     
Ech kommen ... a ginn. 

HAMM    
A mengem Haus. (Paus. Prophétesch a mat Genoss:) Enges Daags wäerts de blann sinn. Wéi ech. Du wäers iergendwo sëtzen, e klenge Koup, verluer am Näischt, fir ëmmer am Däischteren. Wéi ech. (Paus). Enges Daags wäerts de der son, Ech si midd, ech wëll mech setzen, an du setz dech. Da wäerts de der son, Ech sinn hongreg, ech stinn elo op an ech maache mer eppes z’iessen. Mee du stees net op. Du wäerts der soen, ‘t war e Feler, datt ech mech gesat hunn, mee well ech mech gesat hunn, bleiwen ech och nach e bësse sëtzen, an da stinn ech op a maache mer eppes z’iessen. Mee du stees net op an du méchs der näischt z’iessen. (Paus). Du kucks e bëssen d’Mauer, da sees de der, Ech maachen d’An zou, vläicht schlofen ech e bëssen, duerno geet et da besser, an du méchs d’An zou. A wann s de se dann erëm opméchs, ass keng Mauer méi do. (Paus). En onendleche Vide läit rondrëm dech, all operstanen Doudeger aus allen Zäite kéinten deen net opfëllen, an du bass do dra wéi e klenge Kisel matsen an der Wüst. (Paus). Jo, enges Daags wäerts de wëssen, wéi et ass, da wäerts de wéi ech sinn, mee du hues kee méi, wells de kee Matleed mat kengem has a well et kee méi gëtt, mat deem ee nach Matleed kéint hunn. (Paus). 

CLOV
     Dat ass net gesot. (Paus). Iwwregens vergëss de eppes..

HAMM     
A? 

CLOV     
Ech ka mech net sëtzen.


© Samuel Beckett (Original) - Guy Wagner (Iwwersetzung), 2005


Zréck zur Beckett-Säit...

PREMIERE PAGE | MES LIVRES I | MES LIVRES II | THEODORAKIS (D) | THEODORAKIS (F) | MOZART (F) | MOZART (D)