Eigentlech huet hie Jeannot
geheescht, mee well en sech beim Schwätze gestouss huet a mat
der Zong an dat Lach erageroden ass, wou ee vun de viischte Mëllechzant
scho gefeelt huet an dee richtegen Zant nach net nogewuess war, koum
do nëmmen en «Ds» amplaz e «J» eraus,
an esou gouf hie fir all Mënsch den «Dsanno».
An der Schoul hun se n e kannt, weil hien dee Klengsten an deen Duerchdriwwenste
war.
Dat goung schon un deen Dag, wéi e bei mech an d’éischt
Schouljor koum. Dir hutt also verstanen, datt ech säi Schoulmeeschter
war, mee dat ass ewell eng Zäitchen hier. Ech erënnere mech
awer nach, wéi wann et gëschter gewiescht wier...
Déi Kleng vum éischte Schouljor souze ganz verschotert
an hire Bänken – wee weess, wat hir Elteren alles iwwer
d’Schoul an de Schoulmeeschter verzielt haten? – an dem
klenge Birgita, wat grad aus Portugal an eist Land komm war, sinn
déck ronn Tréinen d’Baken eragerullt. Dem Dsanno
ass de Kapp nëmmen esou ronderëm gaangen, an du huet en
d’Birgita erbléckst. Hien ass opgestan, huet sech virun
et gestallt, säin Nueschnappech aus der Täsch gezunn, woubäi
eng Ficelle, dräi Jicken, eng Flitsch an zwou Kamellen, déi
nët agewéckelt waren, aus der Täsch getrollt sinn.
En huet säi Krëppéng fir d’éischt opgeraf,
du dem Birgita d’Nueschnappech ënnert d’Nues gehalen
a gesot: «Fir wat kräischs de dann, ech kräischen
dach och net?»
D’Birgita huet näischt verstanen an nach méi gekrasch.
Du huet den Dsanno him d’Tréinen ofgewëscht, mee
d’Birgita sot: «No, no», wëll d’Nueschnappech
esou knaschteg war.
Den Dsanno huet e Stull erbäigezunn, ass drop geklotert, a vun
do aus op d’Bänk. En ass vun enger Bänk op déi
aner eriwwer geturnt an huet geruff: «Da kuck och!»
Du huet en «Ahuahuahu!» gebläert, an
sech mat sénge klenge Fäischt op d’Broscht geklappt.
Wéi ech mech bis vu méngem Schreck erholl hat a versicht
hat d’Birgita ze tréischten – well dat huet nach
méi haart gekrasch! – frot ech den Dsanno: «A
wat der Däiwel ass da mat dir lass?» – «Ma
ech sin den Tardsan», sot den Dsanno. «Ah sou»,
hun ech du gemengt, «wiers de dann net léiwer den
Dsorro?» – «Neen, dann nach éischter den
Dsupermann.» Déi aner Kanner hun esou gelaacht,
datt esouguer d’Birgita en Ament mat Kräischen opgehalen
huet.
Nu jee, en Dsupermann war den Dsanno net, mee ‘t war am Fong
geholl e léiwe Kärelchen. En hat et och net liicht, an
en huet deenen aneren et dofir net liicht gemeet. Hie war dee Jéngste
vu villen, an deen Duerchdriwwensten derbäi. E konnt keng fënnef
Minutte roueg sëtzen, dann huet en sech net méi gepackt.
A wann en dann d’ganz Klass op der Kopp hat, gouf e roueg.
An all Paus, huet en der erwëscht. En ass sech s’awer och
siche gaangen. Hie war iwwerzeegt, datt hien esou staark wéi
den Tardsan an esou dichteg wéi den Dsupermann wier. An dann
ass en un déi Grouss gaangen. Déi awer hu kuerze Prozess
mat him gemeet, an dann huet dem Dsanno séng Nues alt erëm
geblutt. Mee en hätt sech fir Baschte net ginn. Ech konnt him
esou dacks soe wéi ech wollt: «Ma da bleif dach ewech
vun deene Lëmmelen!», ‘t huet näischt gedéngt.
«Ech si méi staark wéi si», sot hien
dann, «mee si si falsch...»
Ech hun et dun opginn an hu just derfir gesuergt, datt ech eng kleng
Aptikt an der Klass hat.
Am Léiere war et net faméis. Séng Tafel war déi
rengste Katastroph. Séng «i-en» sin dorëmmer
getrollt, wéi wann se gedronk gehat hätten. A fir séng
Tafel ofzebotzen, huet den Dsanno drop gespaut... En huet dat awer
heemlech gemeet, weil soss hätt d’Birgita sech geschuddert.
Fir Krëschtdag konnt den Dsanno dunn awer e bësse liesen.
En hat op alle Fall kapéiert, wéi dat géif gon,
fir datt en «rn» an en «a» «ma»
ginn, wann een se unenee stréckt. Och esou e bësse schreiwe
konnt den Dsanno. Wéi en dat bis konnt, huet en am léifsten
«Sau» an «Esel» geschriwwen. Dann huet e kleng
Ziedelcher gemeet, an denen anere Kanner déi op d’Bänk
gehäit. An der Paus krut en der dann erëm an d’Sabbel.
Just dem Birgita huet e keng esou eng Ziedelcher geschéckt.
Deem wollt en ëmmer eppes schenken: Knätsch oder eng Zockerboun,
déi net méi agewéckelt war, an déi en
aus der Täsch gezunn huet. Mee déi wollt d’Birgita
dann net, an den Dsanno gouf ëmmer ganz traureg.
Déi nexte Kéier huet en et awer erëm probéiert,
fir dem Birgita eppes ze ginn: Hatt hat him et ugedon, an no der Schoul
wollt hien him ëmmer de Schoulsak dron, a konnt guer net verston
firwat d’Birgita dat net wollt. E wollt och ëmmer mat him
spillen, en ass et esouguer heem siche gaangen. Dat muss een dem Dsanno
loossen: Just well hien esou léif mam Birgita war, huet dat
sech net esou friem bei eis gespiert.
An du koum deen Nomëtteg, wou mer op de Bierg spadséiere
goungen. Ech hat den Dsanno all Ament aus den A verluer, an ëmmer
erëm hu mer missen op hie waarden, well hien huet all klenge
Wee, all Indianerpad an all Raiberhillecht kannt, an hie wollt alle
Kanner weisen, wou hien ëmmer gespillt huet a wat hie méi
wousst wéi si.
An der grousser Wiss, wou mer gepicknickt hunn, hat hien eng Freed
wéi nach ni, an en huet virum Birgita den Handstand gemeet
an de Koplabunz geschlon.
D’Birgita hat awer méi Wichteges ze dinn, wéi
dem Dsanno nozekucken. Hatt hat en neie Ball kritt, an et war esou
frou derfir an esou houfreg dropp, datt hatt keng A méi fir
den Dsanno hat.
Et war awer nach eng aner Klass op der Wiss: déi Grouss, a
vun denen haten e puer esou Lëmmelen en A op dem Birgita säi
Ball geworf. Wéi ass et gaangen? – Ech hat grad net opgepasst,
du héieren ech Kreesch, an ech gesinn d’Birgita, wéi
et hanner dräi deeër Grousser hannendru leeft, déi
mat séngem Ball fortgerannt sinn an e mat de Féiss virugestouss
hunn. Ech hu gejaut: «Bréngt de Ball erëm!»,
mee si hu mech net héieren oder si hu gemeet, wéi wann
se mech net héire géifen.
Am selwechten Ablack awer ass den Dsanno hannert deenen dräi
hannendru gerannt; en huet gejaut a gebrëllt an se vernannt,
Schëmmel a Bless. Deem, deen de Ball hat, ass en op de Réck
gesprongen, an huet en an den Aarm gebass. En huet sech richteg festgebass.
Deen huet Kreesch gedon, mee och séng zwéi Kollege kruten
den Dsanno net lass. Eréischt wéi deene Groussen hire
Schoulmeeschter an ech koumen, krute mer se auserneen. Dat éischt,
wat den Dsanno gemeet huet, war de Ball sichen ze lafen an dem Birgita
en hannescht ze dron. «Hei!», sot en. «Hei
hues de n en!»
D’Birgita huet den Dsanno mat sénge groussen donklen
A bekuckt, an du huet et gelaacht. Déi aner Kanner wore verwonnert,
an de Dsanno as rout am Gesiicht ginn.
Du hu mer eréischt gesinn, datt en aus dem Mond geblutt huet.
Ech sot: «Weis emol!», an hien huet de Mond bis
hannenhin opgerappt: Hien hat deen anere viischte Mëllechzant
och verluer, an d’Birgita huet him säin Nueschnappech ginn.
Den Dsanno huet him gelaacht a säi schaardegt Gebëss gewisen.
Mee säi Gesiicht huet geglënnert.
© Guy Wagner, 1985 - Ausgewielt vun der Actioun
Lëtzebuergesch – Eis Sprooch fir hir Anthologie: «Vu
Wëllef, Afen, Quetschen a Kanner. 15 Geschichten». Dréckerei
Linden, 1985 -
D'Kommissioun fir e Liesbuch fir de Primärunterrecht huet den
Text weent der «political correctness» refuséiert.
Motiv: Den Djanno stéisst sech beim Schwätzen! Majo dann...