dausend joer
hat ech gesot
dausend deeg
goufen et net
an dach...
nach
dausend joer
hätt ech ginn
fir
dausend deeg
nach
mat dir
sou soen ech der
dann äddi
't ass Zäit datt ech ginn
ech wénken nach ëmmer
déngem zuch no
hie fiert an huet sech
séng gleiser gesicht
fir mech gëtt et zäit
och an den zuch ze klammen
fir aner deeg
fir aner joer
vläicht gesi mer eis erëm
an iergend enger stad
wäit ewech vun
eiser stad
an enger anrer zäit
ouni eis
ongelieften dreem
eng wiss
d'gras
wiisst
deckt de buedem zou
wiist a verfault
fällt op de buedem
scho wiist
erëm gras
op dem doudege gras
et huet kee gemierkt
datt et anert gras ass
alles as d'selwecht
kënnt
ee mengen
|
|
sou
hëlt d'zäit
wat mer gemengt haten ze hunn
eis léifte gi fort
bei aanrer oder
an d'graf
et bleift nëmmen dat
wat ee selwer
an sech schaaft
aus sech hëlt
e wuert an eng musek
e bild
e geschlaffene steen
spigel vun engem abléck
deen an sech
éiwegkeet ass
déi eenzeg
firwat sollte
mir mënschen
anescht sinn wéi all aanres
wéi de steen an eng blumm
bam an en déier
e stéck vun der welt
vun der welt déi dréit
eis nach dréit
nach verdréit
mir dréien am krees
vum liewen
mir bleiwe net stoen
dofir
looss mer viru
goen
ech lauschtren
d'Zauberflöte
a léire
verstoen
ech ginn am däischtren
de wee
op eng nei welt zou
klappen un d'dir
plakeg an aarm
loft a waasser a feier
verbrenne méng äschen
zu liicht
|