Ried op der FriddensdemoPlace de Clairefontaine, 15.04.2006De Claude Simon huet mech gefrot, e puer Wuert ze soen. Ech hunn zougesot, well ech mech als Bierger fillen, deen seng Froen an Ängschten, awer och Kritiken a Fuerderungen mat Iech deelt. Ech schwätzen net als Member vun enger Partei oder enger Institution oder Associatioun mee als Privatpersoun, als engagéierte Bierger, deen net ouni grouss Suergen dat verfollegt, wat an der Welt a bei eis geschitt. An et ass e gudde Moment fir dëst ze maachen. Ouschtermärsch a Friddensdemoe gëtt et nämlech elo zanter ronn 50 Joer. Si hunn näischt vun hirer Wichtegkeet agebéisst. Zwar huet sech de Kär verlagert: ewech vun der Campagne géint nuklear Oprëschtong – deemols war et de bekannte Bertrand Russel, dee virun engem nuklearen Holocaust gewarnt huet – mee d’Suerge vun de Mënschen a de Ruff no Fridden iwwerall sinn haut esou staark wéi deemols. Mir sinn an der Tëschenzäit an der Ära vum kapitalisteschen Zäitalter – wéi eis national Riednerin d’Octavie Modert géif soen ---- Dir laacht, mee viru kuerzem huet se tatsächlech vun der Ära vum philharmoneschen Zäitalter geschwat --- Mir erliewen d’Weltdominatioun vum eeklechst-méigleche Kapitalismus, mir erliewen d’Arroganz vun der Muecht, a mir erliewen d’Feigheet vun de Politiker. An all ginn s’iwwer Läichen. Se foutéiren sech, wat mat deene kommende Generatioune geschitt, a wat fir eng Welt déi erawuessen. Weder hire Suergen, nach hiren Ängschten an nach manner hiren Hoffnungen gëtt Rechnung gedroen. Dofir ass op d’Strooss goen, protestéieren, Fuerderonge stellen, weiderhinn ubruecht an méi noutwendeg ginn ewéi je. Datt dat och nach Wierkung kann hunn, beweisen d’Manifestatiounen an de leschte Wochen rondrëm den CPE a Frankräich, oder d’Demonstratiounen a Georgien, an der Ukraine, déi esouguer zu engem Regimewiessel gefouert hunn. Et heescht deemno, de Bak oprappen – amplaz de Kapp ze bécken. Huele mer déi dräi Punkte kuerz der Rei no: All Dag bal erliewe mer et och bei eis: 1. De Kapitalismus – deen elo esou wéineg Konkurrenz huet, wéi d’USA an hirer imperialer Muecht – weist sech mat senger eeklechster Fratz. Wann den Här Wendelin – net dee vum Wim Toelke – fir seng Aktionären net méi genuch Fric am Rollengergronn ka maachen, fléien op 180 Leit op d’Strooss. Kaum 14 deeg duerno, gett den Aktionäre bekannt gemeet, datt d’Geschäftszuele vun 2005 ausweisen, datt eppes fir si ka sprange gelooss ginn. Deen Zynismus do ass wuel kaum z’wwerbridden, mee en ass net nei: e gouf bei Michelin geknäipt. 352 Leit sinn et bei TDK, déi hir Aarbecht solle verléieren, well d’Firma sech bewosst ginn ass, dat s’op dat falsch Päerd gesat haten: Mee wat waren et groussarteg Feieren virun enge 15 Joer, a wéivill Subventioune, d.h. eiser Steiergelder krute se deemols fir hirt falscht Päerd.? – Gëscht ass et op d’mannst nach zu engem Sozialplang komm. Dann d’Luxair. Déi stutzt sech selwer d’Fliléken, an dat kascht 200 Leit hir Plaz. Mee eis sou genannte „Compagnie Nationale“ huet eng Politik bedriwwen, vun där een sech zanter laangem sécher war, datt et déi falsch war, besonnesch elo, wou een an enger Stonn zu Hahn ass, wou een och nach eng Parkplaz kritt. WSA: Eis grouss amerikanesch Frënn, Alliéiert a Retter brauchen hir Lager net méi hei, also ginn se zougemeet, ouni Rücksicht op Verloschter. Déi treffen déi, déi souwisou schonn am Ree stinn, net déi, déi d’Decisiounen huelen. Wann een dann dat Wuert Globaliséierung nëmme héiert, da kritt ee schonn den Hick. Bis elo awer hu mer schéin dervu profitéiert, seet eisen Oberguru de Jean-Claude Juncker. An elo? Da maachen eis Ministre Prospektiounsreesen an Indien fir Firmaen an eist Land ze lackelen, a wann dann eng kënnt – wéi z.B. de Här Mittal – da brécht d’grouss Panik aus. Wat ass den Här Mittal dann anescht wéi dat, wat se haut „ Global Players“ nennen? ... „Player“: eleng an deem Wuert schonn läit de ganzen Zynismus dran, mat deem d’Weltdominanz vun deene Wéinege mam Fric iwwer déi Milliarden ouni Goss sech ëmmer weider, global, entwéckelt. Mir kënnen eis nach op eppes gefaasst halen. 1988 huet den grousse alen Robert Junck bei engem Friddens-Kulturkongress zu Tübingen gesot: „Wir müssen die Gewerkschaften unterstützen.“ Maache mer et. 2. D’Arroganz vun der Muecht. Wat mer zanter dem Ufank vum 21. Joerhonnert erliewen, geet an där Hisiicht net op eng Kouhaut. Mat deem Kallef am Wäissen Haus. Deem rücksichtslose Monster, deem monstréisen Onmësch. Et konnt eent et scho wëssen, ier e President ginn ass. Wann een als Gouverneur vum Texas 140 Leit hiriichte léisst, da kann et net wäit hier sinn mat dem Respekt virum mënschleche Liewen. An duerno huet jo och misse beweisen, datt e méi dichteg ass wéi de Pappi, deem e reprochéiert huet, déi Saach im Irak net zu Enn gefouert ze hunn. 2003, de 14. Februar si mer zu Dausenden duerch eis Stroosse gezunn, fir Neen ze soen zu enger Attack géint den Irak. Et ware Milliounen an der ganzer Welt. Näischt awer huet de Säckdréier a seng Komplizen dru gehënnert: Den 21. Mäerz sinn d’Bommen op Bagdad erofgereent. An haut, bal dräi Joer duerno? ... Ech kommen nach drop zréck. Deeselwechte Bush huet dem israelesche Ministerpresident Sharon an all senge Mëssedoten de Réck gestäipt – ugefaang bei der Provokatioun op dem Tempelbierg, den 29. September 2000, déi zur Ausléisung vun der 2. Intifada an zum Sharon sengem Erfolleg bei de Wale gefouert huet. Dobäi heescht et an der Deklaratioun, déi Israel als Constitutioun déngt: "The State of Israel will . . . foster the development of the country for the benefit of all its inhabitants; it will be based on freedom, justice, and peace as envisaged by the prophets of Israel; it will ensure complete equality of social and political rights to all its inhabitants irrespective of religion, race or sex; it will guarantee freedom of religion, conscience, language, education and culture." Duvun ass nu wierklech rose wéineg ze bemierken. Alles, wat an all deene Joeren geschitt ass, leeft drop eraus déi Mënschen, déi fir d’éischt do waren a vun der Staatsgrënnung vun Israel verdriwwe, verjot, ënnerdréckt, ëmbruecht goufen, déi behandelt ginn wéi d’Mënsche vu jiddeschem Glaf ënnert den Nazien. An dat as dee wuel gréisste Skandal: mee et heescht jo, datt Kanner, déi geschloe goufen, Pappe ginn, déi schloen. Ëmmer erëm get mat ëmmer nei Mëttele probéiert, dat wéinegt, wat d’Palästinenser hunn, nach anzeschränken, ze reduzéieren, esou, datt et hinnen ganz einfach onméiglech gëtt, e liewensfäege Staat op d’Been ze stellen. Si ginn esou derfir gestroft, datt se sech eng Regierung gewielt hunn, déi der israelescher, der amerikanescher an den europäeschen net an de Krom passt. A well se dat gemeet hunn, gëtt e ganzt Vollek bestroft, andeems him de Krunn zougedréit gëtt. Dës Moossnam, déi leschte Méindeg, 10. Abrëll, um Kierchbierg vun den EU Ausseminister getraff gouf, ass mat Recht vum „ Comité pour une Paix Juste au Proche-Orient“ als „infâmie“ qualifizéiert ginn. Déi eng ginn un de Bord vun der humanitärer Katastroph gedréckt, déi aner kréien de Féngerche gemeet. Wat fir eng Sanktiounen hunn dann eis Ministere getraff, wéi Tsahal d’Gebaier, déi mat EU Gelder opgebaut gi waren, a Grond a Buedem geschoss hunn? Zwee Moossen, zwee Gewiichter. Et kënnt een net derlaanscht, festzestellen, datt d’Palästinenser wéi „Untermenschen” behandelt ginn. A wann een da fuerdert, Israel misst op d’Gewalt verzichten (eleng 16 Doudeger dës Woch), misst Palästina unerkennen an d’Accorden vun Oslo respektéieren – also einfach déi Fuerderungen, déi d’EU un déi palästinensech Hamas-Regierung stellt, ëmdréit –, dann gëtt een als „Antisemit“ ofgekanzelt. Deen Amalgam funktionéiert perfekt a gëtt systematesch agesat, esou wéi een notwendegerweis „Antiamerkaner“ ass, wann ee Bush, Cheney, Rumsfeld & Co. als „Säkdréier de la pire espèce“ bezeechent. Trotzdem däerfe mer net opginn, a mussen ëmmer erëm fuerderen, datt d’internationalt Recht fir all Natioun d’selwecht ass a gëlt an datt et einfach net geet, datt d’Recht vum Stäerkeren sollt an dëser Welt triumphéieren. An deem Fall nämlech hätt den Hitler den „Endsieg“ dervu gedroen. Mee, genee dono gesäit et aus, besonnesch wat déi eenzeg Supermuecht betrëfft, déi et nach gëtt. Als Illustratioun wëll ech d’Interventioun vun der US-Ambassadrice zu Lëtzebuerg géint d’Tageblatt benotzen. Si ass rezent an si ass signifikativ ... Schon 1933 hat e Botschafter bei derselwechter Zeitung géint eng Karikatur vum Hitler protestéiert ... Wéisou kommen ech dann ëmmer erëm op Assoziatiounen tëscht Bush an Hitler? D’Madame Wagner – weder verwandt noch verschwägert – schreift, mir wiere Partner bei der Aufgab, „Freiheit und Sicherheit und Wohlstand über die ganze Welt zu verbreiten”. Majo dann! Wéi gesäit se dann aus, déi Fräiheet, déi do verbreet gëtt? A sief et nëmmen am Irak? A wat fir eng Sécherheet? Déi vun Präventivkricher? Zanter dem Hitler – schonn ass en erëm do! – gouf et déi net méi... D’Pläng fir den nächste leie scho prett: Dee mam Iran. Et brauch een nëmmen ze liesen, wat de Seymour Hersh am Magazin New Yorker opgedeckt huet, an ze lauschteren, wat d’Condoleezza Rice fuerdert: Eng UN-Resolutioun, déi de Gebrauch vu Waffen aschléisst. Elo ass d’UNO op eemol erëm gutt genuch fir d’USA. Weider schreift d’Madame l’Ambassadrice: „In Afghanistan, im Kosovo ... bewahren die NATO-Staaten ... den Frieden und geben Völkern, die lange zu leiden hatten, Hoffnung, so wie wir dies mit unserer koordinierten Unterstützung für den Nahost-Friedensprozess tun.” A wéi ass et mam Geescht? Weider: „Gefangenenfragen sind ein anderes umstrittenes Thema, dennoch möchte ich unterstreichen, dass die Anstalt von Guantanamo ein humanes und gut geführtes Gefängnis ist.“ Dat hat 1973 de Franz Josef Strauss och vum Stadion zu Santiago nom – mat US-Ënnerstëtzung inszenéierte – Putsch vum Massenmärder Pinochet gesot. An nach eng: D’Madame l’Ambassadrice schwätzt vun „Entwicklungshilfe für die ärmsten Länder der Welt und die globalen Anstrengungen gegen die Geißel HIV/AIDS.“ Dozou eng kleng Rechnung.274 Millarden 420 Millioune US-Dollar kascht de Krich am Irak zu dësem Zäitpunkt, an dee Chiffer geet stänneg a séier erop. Fir dat Geld kënnten fir 27 Joer weltwäit AIDS-Programmer gestart ginn, kënnten fir 91 Joer Basis-Immunisatiounsprogrammer duerchgefouert ginn, kéint fir 11 Joer e weltwäiten Anti-Honger-Programm duerchgesat ginn ... Ouni all dat Leed, wat de Leid geschitt an den widerrechtlech attakéierten Irak an de Biergerkrich eragedriwwen huet. „Kernprinizipen“ nennt d’Madame Wagner dann nach „Menschenrechte, Demokratie, Freihandel und Rechtsstaatlichkeit”. Ass dat do elo puren Cretin ismus oder blanken Zynismus ? Ech soe just: Patriot Act, Abu Ghraib, CIA-Flig... Ier ech kuerz zum 3. Punkt kuerz nach kommen, just eng Recommandatioun: D’Madame Botschafterin soll bei hire Schrotthändler vu Mann – oder ass en Verlouner vun Autoen, ‘t kënnt bal op d’selwecht eraus – op St. Louis zréckfueren an eis mat hirem Gesafts a Rou loossen. 3. Also d’Feigheet vun de Politiker, vun eise Politiker. Wann de Luc Frieden mat de Muskele spillt, déi en net huet, muss et engem Aangscht a Baang ginn. De Mann ouni Häerz an ouni Hier, mee desto méi groussen Anbitiounen, ass ewell esou wäit, wéi d’Kollegen op internationalem Plang: Et musse Läichen hier, fir datt se zu hirem ze kommen. Muss eng kurdesch Journalistin, d’Zubeyde Ersöz bei eis zu Schraasseg agespaart ginn, well d’Tierkei se uklot, eng „Terroristin“ ze sinn? Dat ass wierklech den ideale Begrëff ginn, fir all Mënsch monddout oder ganz dout ze maachen. A wéi ass et mam Staatsterrorismus? A musse mir op e Land wéi d’Tierkei lauschteren, wou weiderhin gefoltert gëtt, bis zum Dout? A musse mir, trotz all Protester, eng onmënschlech repressiv Asylpolitik votéieren a féieren? Mee dat ass zevill vum eisem Här Asselborn verlaangt. Hien, deen esou vill Méi huet, fir deem léiwe Condi d’Féiss ze këssen oder an den Aarsch ze krauchen, geet noutwendegerweis esou gebéckt, datt e weder en Horizont huet, nach ee gesäit. E gesäit och net d’CIA Fliger, déi hei hiren Tanktourismus maachen, wéi nach de 15. an den 22. Februar 2005. Huet een dee Mann, deen sech esou grouss als Friddensheld 2003 feiere gelooss huet, schonn eng Kéier héieren, datt en d’Positioun vun deenen, déi tatsächlech fir Mënscherechter, Demokratie a Rechtsstaatlechkeet antrieden, verdeedegt hätt a mol eng Kéier, och nëmmen eng Kéier, eng Meenong vertrueden hätt, déi dat erëmspigelt, firwat mir eis haut hei versammelt hunn? Also musse mer weider jäitzen, weider protestéieren, weider eis Meenung zu Wuert oder zu Papeier bréngen. A Froe stellen an Nee soen. Mat deem éischte Firwat, mat deem éischten Neen fänkt den zivilen Ungehorsam un. En ass haut méi gefrot wéi je. © Guy Wagner, 15. Abrëll 2006 |
|
|