| Net eleng ech hunn sou eng Aangscht
Net eleng ech hunn sou en Haass op iech
déi dir
eis regéiert
kugenéiert
a Kricher féiert
mir si just Dreck
fir iech.
Véier Milliarden Mënschen
véier Milliarden Dreem och
iwwer déi dir laacht. Véier Milliarden Hoffnungen
déi dir
mat engem Schlag zu Schane maacht.
An dir baut Rakéiten an Atomreaktren
an da Bunker - wou dir iech verdréckt.
Nëmmen dës Kéier
dir Hären
do kënnt der sécher sinn
datt dir mat eis
vreckt.
Véier Milliarden Liewen
véier Milliarden Läichen
mee dat ass iech
wurscht.
Lauschtert Leit vum Wëssen
dir Politiker
dir Herrschafte voll Muecht
mir hätte
gär vun iech:
Gëtt ons endlich
Fridden
gëtt ons endlich Fridden
Gëtt ons endlich
Fridde fir eis Welt!
Gëtt ons endlich Fridden
gëtt ons endlich Fridden
gëtt ons endlich
Fridde fir eis Welt!
Gëtt ons endlich Fridden
gëtt ons endlich Fridden
wir wëllen
just de Fridden
Fridden fir dës Welt!
Um Himmel do steet
d’Sonn
d’Kanner spill'n am Park
an et ass Fridden.
- Ech sëtz’n op enger Bänk
mäi Kënnche
spillt am Gras
an et ass Fridden.
Ech si frou mat de Leit
a wier och gäre frou
an ech wëll Fridden. - Keen Honger a keen Haass
kee Geier a kee
Näid
an et ass Fridden.
Kee Führer a kee Staat
keng Iddeologie
an et ass Fridden.
Keen Abgascht a keng Aangscht
e Gott mee keng Relioun
an et ass Fridden.
- Keng Muecht méi fir guer keen
a kee méi
un der Muecht
an et ass Fridden.
Keen uewen a keen ënnen
dann ass eis Welt eréischt ronn
an et ass Fridden.
Gëtt ons endlich
Fridden
gëtt ons endlich Fridden
gëtt ons endlich
Fridde fir eis Welt!
© Trad.: Guy Wagner, 1984-2003
|