Aus "Endspill"vum Samuel Beckett, op Lëtzebuergesch vum Guy Wagner CLOV mat sturem Bléck an enger Stëmm ouni Faarf: Et gouf
mer gesot: Dat do ass d’Léift, dach, dach, gleef mer es, du
gesäis dach, datt et einfach ass. Et gouf mer gesot: Dat do
ass d’Frëndschaft, dach, dach, ganz bestëmmt, du brauchs
net weider ze sichen. Et gouf mer gesot: Hei ass et, bleif
stoen, hief de Kapp a kuck der déi Herrlechkeet un. Déi
Uerdnung. Et gouf mer gesot: Komm, du bass dach kee
Béischt, denk iwwert déi Saachen no, da wäerts de gesinn,
wéi kloer alles gëtt. An einfach! Et gouf mer gesot: Mat wéi
vill Geschéckerlechkeet all déi do versuergt ginn, déi un
hire Wonne stierwen. Paus Ech soe mer – heiansdo, Clov, du muss et fäerdeg bréngen, besser ze leide wéi dat do, wann s
de wëlls, datt s’es midd ginn, dech ze strofen – enges Daags.
Ech soe mer – heiansdo, Clov, du muss besser do sinn, wéi
dat do, wann s de wëlls, datt se dech goe loossen – enges
Daags. Mee ech fille mech ze al an ze wäit ewech, fir nei
Gewunnechten unzehuelen. Gutt, ‘t wäert also ni zu Enn
goen, ech wäert also ni fortgoen. Paus. Dann, enges Daags,
op eemol, geet et zu Enn, et ännert, ech verstinn et net, et
stierft, oder sinn ech et, ech verstinn et net, dat och net.
Ech froen d’Wierder, déi iwwregbliwwe sinn – Schlofen,
Erwächen, Owend, Moien. Si hunn näischt ze soen. Paus. Ech maachen d’Dier vun der Kabaischen op a gi fort. Ech
gi sou gebéckt, datt ech just meng Féiss gesinn, wann ech
© Editions de Minuit, 1953, Guy Wagner, 2006 (Lizenz: Editions de Minuit) |
|
|