CRÉON,
hëlt et mam Aarm.
Lauschter gutt. Ech hunn déi dreckech Roll, 't ass an der Rei,
an Du déi schéin. An dat spiers De. Mee profitéier
net zevill dervun, kleng Pescht… Wann ech eng gutt ordinär Brute
vun engem Tyrann wier, hätt ech Der scho laang d'Zong
erausgerappt, Äerm a Been mat Zaangen auserneegerass oder dech an
e Lach gehäit. Mee Du gesäis a méngen Aen eppes, wat
mech zécken deet, Du gesäis, datt ech Dech schwätze
loossen, amplaz meng Zaldoten ze ruffen; an dofir zitts De mech,
gräifs mech un, sou gutt s De kann. Wourop wëlls De raus,
kleng rose Louder?
ANTIGONE
Loosst mech lass. Dir ditt mer wéi um Aarm mat Ärer Hand.
CRÉON,
dréckt nach méi fest.
Neen. Sou sinn ech méi staark, an ech profitéieren dervun.
ANTIGONE, stéisst e klenge Kreesch aus.
Au!
CRÉON, deem seng Ae laachen.
Vläicht ass et dat, wat ech maache muss, ganz einfach Der den Aarm
verdréien, Dech un den Hoer rappen, wéi d'Meedercher beim
Spillen. (E kuckt et weider un. E gëtt erëm eescht. E
geet ganz no un et erun a seet.) Ech sinn Däi Monni, 't ass
wouer, mee mir ginn net ganz fein mateneen ëm an der Famill.
Schéngt dat Der net awer komesch, dëse Kinnék, mat
deem s De de Geck mechs, deen Der awer nolauschtert, dësen ale
Mann, deen der esouvill stierwe gesinn huet, fir déi et em esou
leed konnt dinn, wéi fir Dech, dat kann ech Der son, an deen
sech all Méi vun der Welt gët, fir ze probéieren ze
verhënneren, datt s De stierfs?
ANTIGONE, no enger Weil.
Elo dréckt Der ze fest. Et deet emol net méi wéi.
Ech hu keen Aarm méi.
CRÉON, kuckt et,
léisst et gon, mat engem schmuele Lächelen. E grommelt.
Der Jomer weess, datt ech nach ganz aner Saachen haut ze dinn hunn, mee
ech wäert mer awer d'Zäit huele, déi ech brauch, fir
Dech ze rette, kleng Pescht. (En deet et, sech op e Stull ze
setzen, deen an der Mëtt steet. En deet de Paltong aus, geet op et
zou, schwéierfälleg, mächteg, a strëppt
d'Äerm erop.) No enger verfeelter Revolutioun gët et ze
dinn, dat kann ech Der son. Mee elo mussen déi dringend
Affäre waarden. Ech wëll Dech net weent enger politescher
Geschicht stierwe loossen. Du bass méi wäert ewéi
sou. Well Däi Polynice, dëse bejomerte Schied, dëse
Kadaver, deen sech tëscht de Garden zersetzt, an dee ganze Pathos,
deen an Dir flaamt, dat ass just eng politesch Geschicht. Zum Ufank:
Ech sinn keen Zäertlechen, mee en Empfindlechen. Ech hunn dat
gär, wat propper ass, nett ass, schéi gewäsch. Gleefs
De, datt dat mech op d'mannst esou degoutéiert wéi Dech,
dat Fleesch, wat do an der Sonn fault? Owes, wann de Wand vum Mier
kënnt, richt een et scho bis an de Palast, datt et mer hieft. An
dach, maachen ech d'Fënster net mol zou. 'T ass schäisslech,
an Dir kann ech et son, 't ass domm, monstuéis domm, mee ganz
Theben muss et eng Zäit laang richen. Huel scho gäeren un,
datt ech e begruewen hätt, Däi Brudder, schon eleng weent der
Hygiene. Mee fir datt déi Bruten, déi ech
regéiere, verstinn, muss et no der Läich vum Polynice e
ganze Mount laang an der ganzer Stad sténken.
ANTIGONE
Dir sidd eeklech!
CRÉON
Jo, Klengt. De Metier wëllt dat esou. Wou een driwwer
diskutéiere kann, ass, ob een e mecht oder ob een e net mecht.
Mee wann een e mecht, da muss een en esou maachen.
ANTIGONE
Firwat maacht Der et dann?
CRÉON
Enges Mueres sinn ech opgestan a war Kinnék vun Theben. A Gott
weess, datt ech aner Saachen am Liewe gäer hat wéi d'Muecht…
ANTIGONE
Dann hätt Der solle neen son!
CRÉON
Ech hätt kënnen. Mee, op eemol hunn ech mech wéi en
Aarbechter gespuert, deen seng Aarbecht net wéilt maachen. An
dat huet mer net éierlech geschéngt. An ech hu “jo” gesot.
ANTIGONE
Abee, tant pis fir Iech. Ech hunn net “jo” gesot! A wat gi mech Är
Politik, Är Nécessitéit, Är aarme Geschichten
un? Ech kann nach ëmmer “neen” zu allem son, wat ech net gär
hunn, an ech si mäin eegenen Här. An Dir, mat Ärer
Kroun, mat Äre Garden, mat Ärem Plënner, Dir kënnt
mech just stierwe loossen, well Der “jo” gesot hutt.
©
Guy Wagner, 1998
Retour Cyranos... Retour traductions...
|